En Tiger am Rousegäertchen

En Tiger am Rousegäertchen
  • Autor: Marc Limpach
  • Reihe: Théâtre
  • Sprache: Luxemburgisch
  • ISBN: 978-99959-938-4-9
  • Format: 110 × 187 mm
  • Seiten: 144
  • Preis: 15,00 €
  • Erscheinungsdatum: November 2016

En Tiger am Rousegäertchen erzielt a verknappter Form d’Ausernanersetzungen ëm der Mittal Steel hir feindlech Iwwernahm vun der Arcelor S.A. vu Januar bis Ufank Juli 2006. Well dat bis dohin déi gréisste feindlech OPA war, huet deemools e groussen Deel vun der globaler Ëffentlechkeet op Lëtzebuerg, de Sëtz vun der Arcelor, gekuckt an déi OPA ass dann och an d’Wirtschaftsgeschicht agaangen. En Tiger am Rousegäertchen beschreift d’Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell.

D’Stéck baséiert zu groussen Deeler op dokumentareschem Material (Rieden, Artikelen, Interviewen, Transkriptioune vu Pressekonferenzen, Communiquéen an aner Quellen), wéi och op spéidere Publikatiounen, an ass an aacht Biller mat jeeweils zwou bis dräi Zeenen agedeelt. Zum bessere Verständnis ass dem Theatertext eng detailléiert Chronologie vun der OPA bäigefügt. Den Tiger ass e komödiantescht Ensembelstéck, virun allem och iwwert d’Hypokrisie vun der Lëtzebuerger Gesellschaft par Rapport zum Finanzkapitalismus an der wirtschaftlecher Globaliséierung, vun där Lëtzebuerg mat senger Finanzplaz, zënter den 80er Joren, bis dohin nëmme profitéiert hat. An den Deeg no der Ukënnegung vun der OPA spriechen sech d’Lëtzebuerger Regierung, d’Gewerkschaften an d’Journaliste virulent an eestëmmeg géint déi OPA aus. Eng Reprise hätt fatal Konsequenze fir Lëtzebuerg. Och tëscht de Kontrahenten, déi sech ouni Gnod bekämpfen, gëtt den Debat virun enger globaler Ëffentlechkeet bis an d’Absurd gesteigert: D’Schluecht tëscht Arcelor a Mittal gëtt mat alle Mëttele gefouert. E „wäisse Ritter“ aus Russland soll eng Géigenoffer fir d’Arcelor maachen, awer déi international Finanzcommunautéit ass dergéint. Wéi dem Mittal seng Offer gehéicht gëtt an hie versprécht, dass de Sëtz vum neie Konzern op Lëtzebuerg kënnt, ass alles decidéiert – a jidderee freet sech op eemol iwwert déi gutt a gerecht Lëtzebuerger Léisung.

Dem Marc Limpach seng integral Textfaassung vum Stéck ass während engem Joer an Ofsprooch mam Frank Feitler entstanen a bilt d’Grondlag fir dem Frank Feitler seng Inzeenéierung zesumme mam Ensembel. Den Ensembel huet dës Textfaassung wärend de Prouwen am Oktober a November 2016 gekierzt a fräi adaptéiert.